10 Milliarden…a wéi gi mer al sat?

Diesen Artikel über die Herausforderungen der Landwirtschaft und der Nahrungsmittelproduktion in der EU habe ich im Rahmen der EU-Wahlen 2019 geschrieben, bei denen ich für einen luxemburgischen Sitz im EU-Parlament kandidiert habe. Zu diesem Zeitpunkt waren die Verhandlungen zur neuen Gemeinsamen Europäischen Agrarpolitik (GAP) gerade angelaufen.

Dëst ass den Titel vun engem Dokumentarfilm vum Valentin Thurn aus dem Joer 2015 (deen ech wäermstens empfeele kann). En Titel deen amfong och ee vun de gréissten Challengë vun dëser Europawahl thematiséiert. Am Mëttelpunkt vun dëser Challenge stinn eis Baueren, déi duerch hir Aarbecht d’Liewensmëttelproduktioun an domat och d’Versuergung vu Milliounen Europäer an iwwer d’EU eraus assuréieren.

Déi EU-Politik déi sech domat befaasst, nämlech d’Gemeinsam Agrarpolitik (kuerz GAP), gëtt ëmmer fir eng Förderperiod vu 7 Joer festgeluecht, déi nächst Joer op en Enn geht. Dat gëtt eis d’Méiglechkeet, se nei auszeriichten an doduerch d’Prioritéiten un déi aktuell Begebenheeten unzepassen. Ma wat steet da genau um Spill ?

Wéi den Titel vum Film et scho verréit, wäert d’Weltpopulatioun an den nächste Joerzéngten ëmmer méi grouss ginn – aktuelle Prognosen no kéinte mir 2050 souguer d’10 Milliarde Barrière knacken. Laut eurostat bedeit dat an Europa, dass ronn 20 Millioune méi Leit ernäert musse ginn, d’Produktioun vun Nahrungsmëttel muss also konstant eropgoen.

Gläichzäiteg ass d’Landwirtschaft, a virun allem déi industriell Landwirtschaft, vir insgesamt 10% Prozent vun den Zäregasen an der EU verantwortlech. Welle mir awer mat enger wuessender Produktioun d’Ziler, déi mir eis am Kader vum Paräisser Klimaakkord gesat hunn, anhalen, da gëtt séier kloer, dass mir hei vun engem verännerte Wuesstem schwätze mussen. A wat fir eng Chance eis d’Neiausriichtung vun der GAP do bitt !

D’Chance, déi finanziell Ënnerstëtzung vun de Bauerebetriber esou ze gestalten, dass et endlech nees interessant a lukrativ ass, am Aklang mat der Natur a mam Klima ze produzéieren. Bei esou gesellschaftsrelevante Beräicher wéi der Landwirtschaft ass et onverantwortlech, dës dem fräie Marché ze iwwerloossen.

Méi wéi 70% vun den EU-Subventiounen an der Landwirtschaft sinn Direktzuelungen, déi an der éischter Sail vun der GAP virgesi sinn, an déi op d’Gesamtfläch vum Betrib ausbezuelt gi sinn. Dat huet dozou gefouert dass kleng Betriber em hiert Iwwerliewe kämpfe missten an nach ëmmer mussen, wärend grouss Betriber, déi duerch grouss Monokulturen a Massendéierenhaltung vir ee wichtegen Deel vun der CO2- a Methanproduktioun am landwirtschaftleche Beräich verantwortlech sinn, Subventiounen akasséiert hunn. Laut enger Publikatioun vun der Heinrich-Böll Stëftung (2019) gin hautzedaags ganzer 50% vum EU-Agrarland vun nëmmen 3,1 Prozent vun alle Betriber bewirtschaft !

Déi zweet Sail, déi Subventioune virgesäit wann een no enger « good practice» produzéiert, wéi zum Beispill Déiereschutz a Klimaupassung, d’Erhale vun den Ökosystemer an Projeten zur Entwécklung vum ländleche Raum, machen doniewt just e klengen Deel vun de Subventiounen aus.  Dobäi gëllt et dach, wa mir eis Klimaziler anhale wëllen, regional a lokal Produiten, jonk Baueren, kleng Familljebetriber, eng biologesch Produktioun an déierefrëndlëch Haltung an Transporter ze ënnerstëtzen !

D’Chance dann, d‘Landwirtschaft aus engem Däiwelskrees ze huelen. En Däiwelskrees deen entsteet, wann een duerch falend Liewensmëttelpräisser a steigend Pachtpräisser ëmmer méi produzéiere muss vir den eegene Liewensënnerhalt ze finanzéieren, dësen Drock awer gläichzäiteg bedeit dass eng nohalteg an oft méi käschtenintensiv Landwirtschaft net déi alleréischt Prioritéit ass. Dat fänkt schonn do un, dass Betriber, déi an der Transitioun hin zu enger biologescher Produktioun sinn, hir Produiten nach zu konventionelle Präisser verkafe mussen, obwuel de (finanziellen) Opwand méi grouss gëtt.

Ma do huet Lëtzebuerg ganz kloer och eng Roll ze spillen, net zulescht well eenzel Staaten e Spillraum vu 15 Prozent hunn, em deen si déi zweet Sail op- oder oofstocke kënnen. Kloer sinn technologesch Innovatioune méiglech an néideg. Dat eleng geet awer net duer fir dem finanziellen Drock standzehalen, deen d’Acteuren an der Liewensmëttelproduktioun verspieren. Ma firwat net iwwert en Grondakommes fir d’Bauere nodenken…? Eng gesellschaftlech Diskussioun wir et sécherlech wäert.

D’Chance awer och, duerch eng méi héich Produktioun de Präisniveau vu Bio-Produiten op dee vun der konventioneller Landwirtschaft ze bréngen, vir dass och de Konsument endlech de fräie Choix huet, an sech net géint de Bioproduit entscheede muss well de Portmonni dëst net zouléisst. An ech sinn der Iwwerzeegung dass eng méi staark biologesch Produktioun de richtege Wee ass. Laut enger Studie vum Weltbiodiversitéitsrot am Mee 2019 sinn 1 Millioun Aarten bedreet, an de nächste Joren auszestierwen. Mir sinn also dobäi, dat 6t grousst Aartestierwen ze befeieren. 23 Prozent vun de Landflächen op dësem Planéit sinn esou ökologesch erofgewirtschaft ginn, dass se net méi ze benotze sinn. Mir brauchen awer dëse wäertvolle Buedem, des wäertvoll Biodiversitéit, méi wéi je, wann eis Populatioun op 10 Milliarde wuesse sollt!

Natierlech ass de Sujet nach vill méi komplex, wéi elo an dësem kuerzen Artikel zum Ausdrock bruecht kéint ginn. Och d’Andämmung vun der Liewensmëttelverschwendung, d’Fro vun den OGM’en, vun der Digitalisatioun, an de Rôle vu grousse Konzerner wéi Monsanto souwéi Transparenz a Lobbyismus an der EU spillen eng grouss Roll. Wichteg ass jiddefalls, dass déi verschidden Acteure matenee schwätzen a proaktiv no Léisunge sichen, well d’Bäibehale vum Status Quo ass keng Optioun.

An, dat géif ech elo mol esou behaapten, am Endeffekt geet et eis alleguerten em dat nämmlecht. Nämlech dorëms dass och eis Kanner an enger gesonder Ëmwelt liewe kënnen, dass de Buedem och a 50 Joer nach fruchtbar ass an dass d’Baueren, als dee wichtegen Deel vun eiser Gesellschaft deen se duerstellen, fair bezuelt a behandelt ginn. Dorëms, dass och a 40 Joer 10 Milliarde Leit kënne sat ginn.

An dofir brauche mir ganz kloer Europa.


Mittlerweile sind die Verhandlungen zur GAP weiter fortgeschritten und haben neue Herausforderungen mit sich gebracht, vor allem für die Mitgliedsstaaten, die nun nationale Strategiepläne zur Umsetzung der GAP ausarbeiten sollen. More to come…

Quelle Beitragsfoto: Markus Spiske/unsplash.com

Schreiben Sie einen Kommentar

Ihre E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.